Wantergalaconcert 2010
Déi mam Schnéiwittchen
De Grupp “Danse,élancé” vum Schëfflenger Turnveräin Le Travail an d’Harmonie Municipale invitéieren op hieren drëtte gemeinsame Projet “Déi mam Schnéiwittchen”. E Galaconcert mat Musek an Danz, deen ënner dem Patronage vun der Administration communale de Schifflange steet.
D’Opfierungen si Samsdes, den 11.Dezember 2010 ëm 19.30 Auer Sonndes, den 12.Dezember 2010 ëm 16.30 Auer am Centre Sportif zu Schëffleng.
Um Programm steet am 1.Deel eng Opféierung mat Musek an Danz iwwer d’Geschicht vum Schnéiwittchen. Et danzen d’Kanner aus dem Grupp “Danse, élancé” no enger Choreographië vun Marie-Laure Neiseler an Irina Pupita. Als Solisten wierke niewent ronn 80 jonken Dänzerinne, d’Catherine Goebel (Schnéiwittchen), d’Gina Heck (Stéifmamm) an de Raphaël Erpelding als Prënz. Fir d’musikalesch Begleedung ënnert der Direktioun vun Claus Demmer ass d’Schëfflenger Musek responsabel.
Um Programm stinn ë.a. Musek vu Claude Debussy a Gustav Mahler, d’Danzas del Inferno vu Bart Picqueur, dem Charles Gounod säin Trauermarsch einer Marionette, de Kannermarsch vun Percy Grainger, d’Wierk Hi-Lo vu Scott Richards, de Poco Allegretto aus der Symphonie N3 vun Johannes Brahms an déi feierlech Kläng vu Georg Friedrich Händel fir d’Kinnigin vu Saba.
Am zweeten Deel sti modern Dänz no enger Choreographie vun Tania Curzietti a faarweg poppeg Musek um Programm; ë.a. Robbie Williams Songs, Musek aus dem Film Dirty Dancing a vu Nena, de Boogie Down vun Al Jarreau, een Ofstiecher op Chicago an de Welthit “It’s Raining Men” Et spillt d’Harmonie municipale an et danzt de Gruppe avancé vun “Danse, élancé”.
Den Entrée ass 12 €, fir Kanner bis 12 Joer sinn et 6 €. De Virverkaf fir reservéiert Plazen ass Donneschdes (9.12.) a Freides (10.12.) vun 17.00 bis 19.00 Auer an der Buvette “Beim Gilberte”. D’Oweskeess ass op eng Stonn virum Concert.





