Méintlechen Archive fir November, 2011

Jugendconcert 06.11.2011


D’Harmonie Municipale Schëffleng

invitéiert

op de Concert
vum Jugendorchester

Sonndes, 6. November 2011

ëm 17. 00 Auer

an der Salle Grand Duc Jean
am Schëfflenger Gemengenhaus

Op dësem Concert presentéiert de Jugendensembel de neie Programm, deen um Stage zu Maastricht ageprouft ginn ass. Um Programm sti Musicalhits a munch flott Iwwerraschung.

Direktioun vum Concert: Martine Weinachter

De Concert steet ënner dem Patronage vun der Gemeng Schëffleng

Musékscours bei der Harmonie de Schifflange

Ab Oktober leeft all Méindes ëm 16.15 Auer am Proufsall um Wendel de Muséksunterrecht fir d’Schoulkanner; dëst ënnert der Leedung vum chargé de cours, Jeannot Weimerskirch a ënnert der Responsabilitéit vun der lokaler Harmonie an der Schëfflenger Gemeng.

Nächste Cours ass de 7. November 2011. Aschreiwung ass nach méiglech