D’Schëfflenger Musek invitéiert op d’Séance Académique am Kader vum 100ten Anniversaire vun der “Harmonie Municipale Schëffleng”, déi dëse Freiden, 28.02.2014 ab 20:00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean op der Schëfflenger Gemeng stattfënnt.

De Programm vum Owend :

–          Usproch vum President vum Organisatiounscomité Jean Pirsch

–          Usproch vum aktuelle President vun der HMS, Theodor Pascal

–          Presentatioun vum « Livre du Centenaire » vum Weimerskirch Pierre

–          Usproch vum fréiere President Weimerskirch Paul

–          Usproch vum President vun der UGDA, Karmeyer Louis

–          Usproch vum Buergermeeschter, Schreiner Roland

Fir de musikaleschen Encadrement suergt den Orchester « Quatuor Lecuit »

D’Séance Académique gëtt duerch en Éierewäin ofgeschloss, deen eis vun der Schëfflenger Gemeng offréiert gëtt.