Eng Auszäit gefällegst? D‘Schëfflenger Musek bréngt de 4. a 5. Mee d’Mierloft an de Centre Sportif 🐚

Ënnert dem Motto „The Big Blue – Aus dem „Schëff“-lenger Hafen bis déif an d‘Mier“ entféiere mir iech op eng spannend Rees duerch d‘Gewässer vun dëser Welt. 🚢

Fir iech net direkt an d‘kaalt Waasser ze geheien, starte mir bei enger klenger Quell an dauche lues a lues ëmmer méi déif an den Ozean. 🤿 Vu gemittlechem Schaukelen um Mier, iwwert Schlachte mat Piraten 🏴‍☠️ an Dauchgäng mat Nixen 🧜‍♀️ gëtt iech op eisem ganz spezielle Fréijoersconcert alles gebueden. Fir d‘All Inclusive Croisière-Experienz suerge mir dëst Joer mat eisem immersive Programm: Net nëmmen är Oueren, ma och är aner Sënner wäerten änlech wéi am 4D Kino verwinnt ginn.

⚓️ An do gi mir sou wuel de nuetsaktive Raiberen, wéi och den dagaktive Séimänner a -Fraen gerecht. Dëst Joer wäerte mir zweemol fir iech optrieden: Samschdes, de 4. Mee um 19:30 a Sonndes, de 5. Mee um 17:00.

⛵️🐋 Dir dierft iech op Klassiker aus der Filmwelt freeën, déi iech an Erënnerunge wäerte schwelge loossen. Vun der Black Pearl 🏴‍☠️ geet et am U-Boot an d‘Déifte vum Mier, wou mer ënnert anerem d‘Kinnekräich Atlantica wäerten entdecken. 🦀🐠

Selbstverständlech huele mir eis Séimannsleit net ongestäerkt mat op esou eng abenteuerlech Rees. Wéi all Joer ass och dës Kéier fir Iessen a Gedrénks gesuergt.

🎫 Den Entrée ass fräi, fir sécher ze sinn, datt keen e Stull muss kaperen, géife mir iech awer bieden, är Plazen am Viraus ze reservéieren. Dat geet iwwert follgend Weeër:

📧 E-Mail: contact@schefflengermusek.lu
📱 Direktnoricht op Facebook oder Instagram
☎️ Telefonsnummer 54 44 09 (Hannerloosst eis hei e Message um Repondeur)

🫧 Pakt är Schwammbox an a begleet eis op eis musikalesch Rees duerch d‘Ënnerwaasserwelt. Mir freeën eis op iech! 🎶🎷