D´Schëfflenger Musek war vum 28. Mee bis de 4. Juni op Concertsrees zu Cattolica. Et war eng Woch voller Freed, Laachen, Feieren a ganz vill Musek.

No de gelongene gemeinsame Reesen op Wien (2016) an Hamburg (2019) stoung schnell fest: eng weider gemeinsam Vakanz muss hir.

E klengen Organisatiounsgrupp vu 5 Leit huet sech desem Wonsch ugeholl, woubäi d’Idee entstanen ass Reesen & Musek machen ze verbannen. Eng Concertsrees an Italie war de Projet.

An der Päischtvakanz 2023 war et du souwäit: zu 57 huet d’Schēfflenger Musek sech op de Wee op Cattolica gemaach, wou mir eng memorabel an ofwiesslungsräich Woch zesumme verbruecht hunn.

Am Vierdergrond vun eiser Rees stoungen 2 Concerten. Am Salone Snaporaz, engem klenge Kino- an Theatersall a Cattolica huet d’Schēfflenger Musek hiren éischte Concert gespillt, woubäi bekannte lētzebuerger an italieenesch Kompositionen sech ofgewiesselt hunn. Ugefaange mat der Massive Ouverture vum Georges Sadler, iwwert den Hämmelsmarsch Revisited vum Ivan Boumans, bis hin zu Viva Belcanto – den usprochsvolle Programm huet souwuel de Musikante wei och de Nolauschterer gutt gefall. 2 Deeg mei spéit, um italieenesche Nationalfeierdag, stoung e flotte Concert op enger voller Piazza 1 Maggio um Programm. Vill Italiener waren an de Strossen ennerwee fir ze feieren an déi gutt Stemmung sou wei déi vill Spectateure wäerten eis Musikanten nach lang an Erennerung bleiwen. Och hei huet d’Schēfflenger Musek e flotte Mix aus lētzebuerger an italieneesche Kompositionen zum Beschte ginn. Um Héichpunkt war d’Stëmmung wärend de leschten 2 Stécker, dem Nel Blu Dipinto du Blu, an der italienescher Nationalhymne, wou op der ganzer Piazzo 1 Maggio haart matgesonge ginn ass. D’Loscht zesumme Musek ze maache war grouss, sou dass d’Musikante sech et nieft desen 2 offizielle Rendezvousen net huele gelooss hunn, 2 spontan Streppeconcerten an der Staat ze spillen. Medleys vu Michael Jackson a Bon Jovi, awer och letzebuergesch Klassiker wéi 2 Bulle Mokka hunn emmer méi virwëtzeg Passanten ugezunn a fir gutt Stëmmung an e gelongenen Owend gesuergt.

Nieft dem musikaleschen Deel war och fir vill kulturell Ofwiesslung gesuergt. Zesummen hu mir Ausflich an d’Republik San Marino, op Rimini an an dat klengt mettelalterlecht Duerf Gradara gemach. Hei war definitiv fir jiddereen eppes derbäi. Souwuel um musikalesche, wei och um kulturellen a soziale Plang war eis Woch zu Cattolica e vollen Erfolleg a waert eis all nach lang an Erennerung bleiwen.