Den 9. Dezember steet erëm den traditionelle Wanterconcert vun der Schëfflenger Musek un, an dëst Joer ënnert ganz besonnesche Virzeechen – D’HMS kritt nämlech 110 Joer. 🎂

Fir dëst ze feieren hunn eng ganz Rei Musikanten aus eisen eege Reien sech bereet erkläert fir op dësem speziellen Owend Solo‘en ze spillen. 🎼🎺

Heiraus entstanen ass en immens flotten an ofwiesslungsräiche Programm mat villen Iwwerraschungen deen der iech op kee Fall sollt entgoe loossen. 🤩

Fir Iessen a Gedrénks ass och dëst Joer erëm beschtens gesuergt. 🥂🍜

***

Den Entrée ass fräi, fir sécher ze sinn dass dir eng Platz kritt kennt dir awer trotzdeem är Platzen am Viraus reservéieren, an zwar iwwert folgend Weeër: 

– Iwwert Email: contact@schefflengermusek.lu

– Iwwert Direktnooriicht op Facebook oder Instagram 

– Iwwert Telefon: 54 44 09 (Message um Répondeur hannerloossen) 

***

Mir freeën eis dësen Gebuertsdag mat iech all ze feieren an e flotte musikaleschen Owend zesummen ze verbréngen. 😁

Mir soen eisen Sponsoren e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung!