Eric Gherardi

About me

Mäin Numm ass Eric, zu Schëffleng opgewuess a vu Kand un musekbegeeschtert. Meng Carrière huet am Escher Conservatoire beim Serge Kettenmeyer ugefaangen, iert ech op Maastricht bei ënner aneren de Pieter Janssen an de Raymond Curfs Percussioun mat Fokus op Orchester a Pedagogie studéiere gaange sinn. Duerno huet et mech nees zréck op Esch gefouert wou ech an der Direktiounsklass vum Jean-Claude Braun momentan den diplôme supérieur an der Orchesterdirektioun viirbereeden.

Wisou ech Musek gär hunn

Musek ass déi eenzeg Sprooch déi weltwäit verstane gëtt. Musek verbënnt, mecht
Freed a kann heelen. Musek beaflosst esou Villes, vun der gudder Laun am
Supermarché bis zum Suspense am Horrorfilm, vum Spaass an der Disko bis zu
der klenger Tréin an der Philharmonie. Mech begleed d’Musek iwwerall, an ech si
frou, dass ech déi Passioun zu mengem Beruff konnt maachen.

Déi onvergiesslechst Musekserfahrung

Mäin Dram, Orchestermuseker ze ginn, konnt ech leider ni zu 100% erfëllen, an
awer hunn ech an Orchesteren wéi dem European Union Youth Orchestra, dem
Ljubljana International Orchestra, an de Lëtzebuerger Philharmoniker ganz vill
wonnerschéi musikalesch Momenter erlieft. Virun Allem vun deene ville
fantastesche Bühnen déi ech schon dierft besichen hunn ech eemoleg a wäertvoll
Erënnerungen, sou zum Beispill aus dem Palau de la Musica zu Barcelona, dem
Teatro la Fenice zu Venedeg, an der Philharmonie zu Berlin.


Lieblingskomponist

Ech kann a wollt mech nach ni festleeën op e Lieblings-Komponist oder Lieblings-Stil. All Komponist huet seng besonneg Elementer a léist ganz ennerschiddlech
Emotiounen aus beim Lauschteren. Sou dreemen ech zum Beispill gär mam
Maurice Ravel, oder loosse mech vum Sound vum Gustav Mahler beandrocken,
oder awer loossen mech vun de Kläng vun enger Beethoven Symphonie mat op
d ‘Rees huelen. Och vu Filmmusek sinn ech ganz begeeschtert an et faszinéiert
mech ëmmer nees, wéi den Danny Elfman mat senger skurriler Musek esou
besonneg Athmosphäre kreéiere kann, oder wéi de Michael Giacchino esou staark
Emotiounen erviirruffe kann. Zu gudder Lescht sinn ech als Dirigent vun enger
Harmonie natierlech och den aktuellen Harmonie, Fanfare oder Brass Band
Komponisten op der Spuer, an do sinn et ënnert villen aneren Leit wéi den Otto M.
Schwarz, Philip Sparke an Thomas Doss déi mech begeeschteren.

Guilty Pleasure

Ech kann net Nee soen, soudass ech an eng Hellewull vu flotten Evenementer erageroden. Et ass ëmmer nees eng Beräicherung fir un deene verschiddenste Projete mat deene verschiddenste Leit ze schaffen, an och wann dat mäi Liewen heiansdo zimmlech chaotesch mécht, wéilt ech awer kee Musical, Kannerconcert, Perkussiouns-Ensembel, Brass Band Concert, Studio-Projet a wat et soss alles nach gëtt verpassen.

Firwat ech Dirigent ginn sinn

Musek selwer Spillen ass eng Saach. Musek am Moment vun der Kreatioun ze
beaflossen, poléieren, formen, dekoréieren, op en neie Level erophiewen, dat ass
nach emol eng ganz aner Dimensioun, an déi fannen ech onheemlech interessant a
sinn dofir amgaangen déi ze erfuerschen a léieren all Dag nach bäi.

Wisou ech HMS/JMS dirigéieren

D’Schëfflenger Musek war schonn ëmmer present a menger Famill. Mäi Bopa,
Hansen’s Jhang, huet selwer Klarinett do gespillt a vill am Veräinsliewe
matgewierkt. D’Erfarungen aus der Jugendmusek, a spéider och am groussen
Orchester hu mer ëmmer nees weidergehollef op mengem Wee zum
professionelle Museker. Déi wäertvoll Rotschléi vun eiser Jugend-Dirigentin, dem
Martine Weinachter a mengem Virgänger, dem Claus Demmer wäert ech ni
vergiessen. Ouni hiert Vertrauen an d’Ënnerstëtzung vum Orchester fir mech
d’Orchesterdirektioun ausprobéieren ze loossen, wier ech ni do ukomm wou ech
haut sinn. Dann ass et fir mech nëmmen normal dass ech alles dat wat ech kritt
hunn, dësem wonnerbare Veräin zréckginn andeems ech mäin allerbescht
maache fir eis musikalesch esou gutt et geet weider ze entwéckelen, a flott a
populär Projeten ze maachen. Et ass en Dram deen an Erfëllung gaangen ass an
eng immens Éier, fir haut virun deem Orchester ze stoen, an deem ech opgewuesssinn a vill vu mengen allerbeschte Frënn kennegeléiert hunn.