De 14. Oktober 2023 huet eis éischt Editioun vun eisem Jugendmuseksfest ënnert dem Motto „Wetten Dass ..?” stattfonnt. Un dësem Event hunn dräi Jugendmuseken, dorënner de Jugendorchester vun der HMEsch, d’Jongbléiser vun der Schëtter Musek an natierlech och eis Jugendmusek Schëffleng JMS deelgeholl. All Grupp huet sech am Viraus eng spannend Wett ausgeduecht fir géint eng vun deenen anere Jugendmuseken unzetrieden, an duerno och probéiert dës ëmzesetzen an ze gewannen. Ganz nom Motto „Top d’Wett gëllt“.

Donieft hunn all d’Jugendmuseken och nach ee flotten an ofwiesslungsräiche Concert gespillt, wou si hiert musikalescht Kënnen ënner Beweis gestallt hunn.
Dat ganzt gouf vum eisem Präsident, dem Bob Rumé, senger Interpretatioun vum Thomas Gottschalk moderéiert a geleet. Donieft huet eis „All Stars“ Showband de ganzen Dag iwwer fir gutt Stëmmung gesuergt.
Een Highlight war eis Saalwett. Hei hunn déi dräi Jugendmuseken missen innerhalb vun 20 Minutten ee Stéck preparéiere fir duerno zesummen opzeféieren. Et war richteg flott déi ronn 70 jonk Musikanten zesummen ze héiere wéi si hiert Stéck, wat se grad réischt kuerz gesinn hunn, opféieren.

Um Enn vum Dag konnt d’Equipe vun Esch am meeschte Punkte sammelen an sou hunn si och den Haaptpräis mat heem geholl, ee Bong fir an de Kloterpark op Diddeleng ze goe mat der ganzer Equipe.
Mir freeën eis drop fir d’nächst Joer eng zweet Editioun Enn Oktober 2024 ze organiséieren.

Fotoen : Luka Grashoff