Aktuell setzt eise Jugendorchester sech aus ronn 20 jonken Musikanten an Musikantinnen zesummen. An dësem Grupp spillen esou wuel Kanner wéi och Erwuessener zesummen déi all eréischt säit kuerzem hiert Instrument spillen.

Ënnert der Leedung vum Eric Gherardi léieren eis Ufänger wéi en Orchester funktionéiert. Esou ginn déi jonk an hirer musikalescher Entwécklung ënnerstëtztan drop virbereed Deel vun der Grousser Musek ze gin.

Nieft dem Musikalesche spillt dat Soziaalt awer och eng ganz grouss Roll. Mir verfollegen d’Ziel datt déi Jonk als Ekipp funktionéieren, an dëst net just wann musizéiert gëtt. Dofir gëtt ëmmer erëm en Stage an der Allerhellege Vakanz organiséiert wou eisen Jugendgrupp ënnert der Begleedung vun Leit aus dem Orchester e puer Deeg zesummen fort fueren fir sech besser kennen ze léieren. Doriwwer eraus ginn déi Jonk esou vill wéi méiglech an d’Aktivitéite vum Verrain agebonnen.