Fréijoersconcert 2023

D’Schëfflenger Musek invitéiert iech ganz häerzlech de 6. Mee um 19:30 an den Centre Sportif zu Schëffleng op eng Rees duerch déi villsäiteg italieenesch Musekswelt. ![]()
Vun klasseschen weltbekannten Arien, iwwert Filmmusek bis modern Popmusek ass vun allem an fir jiddereen eppes dobäi. ![]()
![]()
Och soss steet den Owend ganz ënnert dem Thema Italien, an fir traditionellt Iessen an Gedrénks ass selbstverständlech beschtens gesuergt. ![]()
![]()
Mir freeën eis elo schon iech all op eisem Fréijoersconcert kënnen ze begréissen!
***
Reservéiert elo är Platzen, den Entrée ass fräi!![]()
Reservéieren kënnt dir iwwert folgend Weeër:
– E-mail : contact@schefflengermusek.lu
– Eng Noriicht um Répondeur hannerloossen op der Nummer: 54 44 09
– Eis en Message iwwert Facebook oder Instagram schécken
***












