De groussen Orchester vun der Schëfflenger Musek besteet aktuell aus 45 Musikanten an Musikantinnen. Säit September 2018 steet den Orchester ënnert der Leedung vum Eric Gherardi.

Den Orchester huet am Joer ronn 50 Aktivitéiten. Nieft den traditionelle Rendez-vous’en wéi Cortègen, dem Hämmelsmärsch, Prozessiounen a Concerten, hu mir verschidde musikalesch Héichpunkten.

Mee net nëmmen ob de musikaleschen Aspekt gëtt vill wäert geluecht, och de soziale Kontakt kennt net ze kuerz. Sou ginn et nieft eisen musikaleschen Aktivitéiten ëmmer erëm aaner Aktivitéiten. Sief dat den 1. Mee, en Ausfluch (2019 war d’Schëfflenger Musek ob Hamburg), eng sportlech Aktivitéit oder einfach eppes no der Prouf zesummen drénke goe wou een sech austausche kann.