E Wuert zum Hämmelsmarsch:

„Den Hämmelsmarsch ass eng al Traditioun“, heescht et ëmmer erëm. Den traditionellen Hämmelsmarsch steet a Relatioun mat der vum Jang dem Blannen am Joer 1340 gegrënnte Schuebermëss. De Brauch staamt vun der „Schützengesellschaft Sankt-Bastian“ denen hir Memberen berechtegt waren, ee bestëmmten Deel vun de Suen, déi vun de Spiller op der Schuebermëss erageholl gi sinn, anzekasséieren. 

Fir wat geet d’Musek den Hämmelsmarsch spillen?

Den Haaptgewënn, den déi „Sebastiansbrüderschaft“ fir dee beschte Schützen bei engem Präisschéissen ginn huet, war een Hammel. Dëse Präishammel ass ënner de Kläng vum Hämmelsmarsch ëmmer festlech duerch d‘Stad gefouert ginn.

Wouhier déi bekannt a beléift Melodie vun der éischter einfacher Weis vum Hämmelsmarsch eigentlech stammt, ass awer onkloer.

Norditalien, awer och Flandern a Brabant, ginn als Ursprongsland vermutt. Anerer mengen, et wär d‘Melodie vun engem heemeschen Prozessiounsmarsch. Oder hat e Lëtzebuerger Komponist d‘Melodie geschriwwen? Froen, déi bis haut onbeäntwert bleiwen. Et gëtt deemno vill Geheimnisser ronderëm den Hämmelsmarsch.

Wat ass de Brauch hautzedaags?

Den Hämmelsmarsch gëtt haut an all Stad an Duerf fir d’Ouverture vun der Kiermes ofgehalen, allerdéngs meeschtens ouni Hammel. Aus den Drénkgelder a Spenden fir d’Begleeder ass haut en wichtegen Bäitrag fir d’Veräinskeess ginn. D’Musikanten trëppelen duerch d’Strossen an maache Musek, an iwwerdeems schellen d’Begleeder mat den Sammelbéchsen un den Hausdieren an freeën sech iwwert all Don. Ab engem gewëssen Betrag kritt Dir dann och en Tusch oder d’Kiermeslidd gespillt.

Och d’Schëfflenger Harmonie Municipale (d’ Musek) geet den Hämmelsmarsch duerch d’Uertschaft spillen. Dat ass am November, wann den Hellege Martin gefeiert gëtt a Mëtt Juli, wann d’Summerkiermes ass.