D’Schëfflenger Musek ass en dynamesche Veräin, deen op eng laang Geschicht am Schëfflenger Kulturliewen zeréck kuckt. Säit 1913 schon ass d’SchëfflengerMusek net méi aus dem Schëfflenger Liewen ewech ze denken. Zu de Missioune vun der Harmonie Municipale gehéiert et Aktivitéiten am Schëfflenger Gemengewiese musikalesch ze encadréieren, awer och dem Schëfflenger Publikum reegelméisseg flott an innovativ Concerten ze presentéieren.

D’Schëfflenger Musek verfollegt an hirer Aarbecht drei grouss Pilieren: Traditioun, Entwécklung & Nohaltegkeet.

• An eisem Schaffe spillt esouwuel eis eegen Traditioun, genau esouwéi Traditiounen am Gemengewiesen, eng zentral Roll. Allerdéngs ass et eis en Uleies Traditiounen ëmmer erëm an en aktuelle Kontext ze sëtzen, well just esou kann Traditioun Kontinuitéit hunn.

• Eis ass et wichteg permanent an engem Entwécklungsprozess dran ze sinn. Dëst Ziel verfollege mir esou wuel um musikalesche Plang, wéi och um Niveau vun eise Concert-Konzepter. Esouwuel iwwert musikalesch Qualitéit wéi och iwwert innovativ Konzepter wëlle mir eis Concerten der Zäit upassen an d’Schëfflenger Musek iwwert d’Grenze vu Schëffleng bekannt maachen.

• D’Schëfflenger Musek kuckt op eng laang Vergaangenheet zeréck, wëll awer och op eng laang Zukunft hoffen. Aus dësem Grond gëtt d’Nohaltegkeet am Veräin grouss geschriwwen. Matt vill Asaz bei der Jugendaarbecht stellt d’Schëfflenger Musek sécher, datt jonk (an och manner jonk) Musikanten de Wee bei den Orchester fannen, sech musikalesch entwéckelen an datt ëmmer erëm neie Wand an de Veräin era kënnt.